En Traitement op Iech ofgestëmmt

Wee wëllt net schéin Hoer hunn oder gehollef kréie wann se ausginn?

My Secret integrated Hairsolutions ass en Institut capilaire wou sech alles ëm d’Hoerintegratioun dréint, sief et Hoerverdichtungen, Verlängerungen, Hoerersatz, Perrécken a Kapphauttraitementer vun der Mark Hairdreams.

Et gëtt ganz vill Wäert op perséinlech an individuell Berodung, sief et fir Fraen oder fir Männer.

An engem gemittleche Kader gëtt de Client vun Ufank un encadréiert an dat an eenzelne Kabinne fir zesummen déi bescht Méiglechkeet ze fannen.

Hoerproblemer sinn also out, d’Léisung ass My Secret integrated Hairsolutions.

Dir fannt si 2 mol am Land: zu Lentgen an op der Wemperhardt an op mysecret.lu.

 

(source: RTL.lu  https://www.rtl.lu/radio/e-gudde-rot/a/2177693.html 02/04/24 à 08:44)